lu  |  fr  |  en  |  de

   
HEEM  
MENTORING M-PROJ
MENTEE  
MENTOR  
INSCRIPTIOUN  
ORGANISATIOUN &
PARTNER
 
TEAM  
KONTAKT  
PRIVACY POLICY  

Organisatioun an Direktioun vum Programm:


Finanziell Partner:
Maison de l'Orientation


 

Mentoring ass e Prozess, wou eng erfuere Persoun (Mentor / Mentorin) déi berufflech a perséinlech Entwécklung vun enger manner erfuerener Persoun (Mentee) ënnerstëtzt.

D’Relatioun erméiglecht d’Entdeckung an d’Entwécklung vum Mentee senge Potenzialer (Talenter, Kompetenzen) an dat ausserhalb vun engem schouleschen Kontext.

Den M-ProJ Mentoring Programm ass eng Hëllefsmoossnam zur berufflechen Orientéierung déi de Lien tëschent der Schoul an der Aarbechtswelt favoriséiert.

M-ProJ mécht deene Schüler eng individuell Begleedung méiglech, déi net onbedéngt an hirem noem Ëmkrees op beruffstäteg Leit treffen kënnen, déi prett an fäeg sinn, si an der schwiereger a wichteger Etapp vun der Studien- an Beruffswiel ze ënnerstëtzen. Besser wéi bei engem Stage an enger Entreprise, erlaabt dëse Mentoring Programm der jonker Persoun vum Bléck vun engem neutralen an guttwëllegen Erwuessenen ze profitéieren, onofhängeg vun dem Schoulsystem oder der Famill. Den individuellen Austausch tëschent Mentee an Mentor dréit dozou bäi datt de Schüler säi beruffleche Projet weiderentwéckelen an räife loosse kann an, falls erwënscht, och méi perséinlech Sujeten uschwätze kann.

D’Treffen tëschent de Mentoren an de Mentees, di mat groussem Soin vun der M-ProJ Equipe zesumme gesat ginn, erméiglechen dem jonke Participant seng Kenntnisser iwwert een oder mei Beruffer weider ze entwéckelen, déi verschidden Aufgabe kennen ze léieren, ze wësse wéi eng Kompetenzen datt ee muss hunn fir dëse Beruff auszeüben, mee awer och ze wëssen wat fir Schwieregkeete mat dësem Beruff verbonne kënne sinn. Et kënnt vir datt den Dramberuff vun engem jonke Mënsch sech als eppes ganz aneschtes erausstellt wéi dat wat hien oder hat sech virgestallt huet! Déi verschidden Treffen erlaben dem Mentee ausserdeem e konstruktive Feed-back vum Mentor ze kréie wat den „savoir-être“ betrëfft - virun allem an deem Moment wou hien oder hat mat schaffen ufänke wäert.

Eng Réi vun interaktiven Aarbechtsgruppe fir d’Mentoren an d’Menteeën déi ugebuede ginn, completéieren den M-ProJ Mentoring Programm.

Den M-ProJ Programm ass zënter 2012/2013 scho mat 23 Lycéeën an 1300 Schüler duerchgefouert ginn.
Fir 2026/2027 sinn 190 Platzen fräi fir Schüler aus den folgenden Lycéeën:

  • Lycée Technique du Centre, Luxembourg
  • Lycée Michel Lucius, Luxembourg
  • Ecole privée Fieldgen, Luxembourg
  • Lycée classique Diekirch, Diekirch
  • Maacher Lycée, Grevenmacher
  • Lycée technique d'Ettelbruck
  • Lycée du Nord, Wiltz
  • Lycée Nic-Biver, Dudelange
  • Lycée technique de Lallange, Esch-sur-Alzette
  • Ecole de Commerce et de Gestion, Luxembourg
  • Atert-Lycée, Redange
  • Ecole Internationale de Differdange
  • Lënster Lycée, Junglinster
  • Ecole privée St. Anne, Ettelbruck
  • Lycée Aline Mayrisch Luxembourg
  • Lycée Michel-Rodange, Luxembourg
  • Lycée Josy Barthel, Mamer
 


Den M-ProJ Mentoring Programm am Detail…